Kanton
Gréiwemaacher
De Kanton
am Portrait
De Kanton Gréiwemaacher ass am Oste vu Lëtzebuerg. En huet eng offiziell Stad: Gréiwemaacher. Mat ronn 33.712 Awunner (2025) an enger Fläch vun 211 km² markéiert de Kanton de nërdlechen Deel vun der Lëtzebuerger Wäiregioun Musel.
De Kanton gëllt hautdesdaags ënnert anerem als eng wichteg Destinatioun fir den Oenotourismus.

Wéngerten zu Ohn, Gemeng Wuemer

Uewerdonwen, Gemeng Flaxweiler
D'Landschaftsbild
D’Landschaft vum Kanton Gréiwemaacher ass duerch déif Däller an héich Plateaue charakteriséiert, mat Biedem aus Keuper- a Kalleksteen. D’Flëss Musel, Sauer, Sir, Wäiss Iernz a Schwaarz Iernz prägen d’Landschaft. Zu Waasserbëlleg leeft d’Sauer an d’Musel a markéiert domat den déifste Punkt vu Lëtzebuerg. Dank dem Mikroklima an de fruchtbare Biedem déi laanscht d’Musel sinn ass de Kanton ideal fir de Wäibau gëeegent.

D'Musel zu Meechtem, Gemeng Wuermer

D'Sir bei Manternach, Gemeng Manternach

D'Monument op der Spatz um déifste Punkt vum Land, Waasserbëlleg, Gemeng Waasserbëlleg-Mäertert
Geschicht
Historesch gouf de
Kanton vun der Antiquitéit a senger wichteger strategescher Lag gepräägt. D'Kelten
a spéider d'Réimer hunn sech laanscht d’Musel
niddergelooss. De Kierchtuerm vun der Kierch St Laurent ass op
Iwwerreschter vun engem ale réimeschen Tuerm gebaut. Zanter laanger Zäit ginn am Kanton scho Wéngerte
bewirtschaft.

Iwwerreschter vu réimesche Griewer um Potaschbierg, Gemeng Gréiwemaacher
D’Stad Gréiwemaacher ass eng mëttelalterlech befestegt Stad, déi den Handel an de Flosstransport kontrolléiert huet a sou u Bedeitung konnt gewannen. Iwwert d’Joerhonnerten huet sech de Wäibau zu engem wichtege wirtschaftlechen an touristesche Secteur am Kanton entwéckelt. Den Hafe vu Mäertert ass de gréissten Hafe vu Lëtzebuerg an d'Schëfffaart bleift bedeitend - bis haut. Am Kanton Gréiwemaacher, zu Betzder, huet och SES - e Pionéier am Satellitesecteur - säi Sëtz.

Stad Gréiwemaacher
Kultur
Kulturell verbënnt de
Kanton Gréiwemaacher Traditioun, Patrimoine a Gesellegkeet. Dierfer wéi
Ohn – bekannt fir déi héchst Zuel un onofhängege Wënzer – an Éinen weisen eng
gutt erhale ländlech Architektur, wärend Monumenter wéi d’Buerg Buerglënster an
d'Wuermer Koeppchen zum feste Bestanddeel vum
Lëtzebuerger Patrimoine gehéieren.

Wuermer Koeppchen, Gemeng Wuermer

Éinen, Gemeng Wuermer

Schlass Buerglënster, Buerglënster, Gemeng Jonglënster
Attraktiounen
Skulpturen wéi dem Wil Lofy säi Blannen Theis an der Stad Gréiwemaacher an de Steefuuss zu Manternach maachen de Kanton zu engem folkloristesche Spigelbild vu Lëtzebuerg.

Statu vum Blannen Theis vum Wil Lofy, Stad Gréiwemaacher

De Steefuuss, Manternach, Gemeng Manternach
Bekannt Wäifester sinn
ënnert anerem d’Maacher Drauwen- a Wäifest oder d’Meechtemer
Wäin-Schmaachen. All Joer, um Drauwen- a Wäifest, gëtt an der Stad
Gréiwemaacher d'Wäikinnigin gekréint. D'Kantoner Gréiwemaacher a Réimech
sinn déi traditionell Produzente vun AOP-Wäiner a Crémant de Luxembourg.
De Kanton gëtt belieft vum Oenotourismus mat Wäindegustatiounen laanscht d’Musel, Vëlosweeër duerch d’Wéngerten a Wanderungen am Sauerdall oder am Sirdall.
Meechtemer Wäischmaachen, Meechtem, Gemeng Wuermer

Typesch Gaass an der Stad Gréiwemaacher