Skip to Content

Zréck bei de Kanton



Lokal Restauranten



Relais du château

De Restaurant Relais du Château zu Betzder ass zanter bal 30 Joer ënner der Leedung vun der Famill Ambrogi-Schroeder. Hei steet d’Qualitéit vun de Produkter am Mëttelpunkt. De Restaurant bitt eng traditionell lëtzebuerger Kichen, mat vill Léift preparéiert.

Zu de Spezialitéite gehéieren ënnert anerem Pâté au Riesling, Pot-au-feu, Ragout a Tartare – eng authentesch Adress fir Libhaber vun enger éierlecher a regionaler Gastronomie.


Infos

 Google Maps


Relais du Château de Betzdorf

D’Restauberge Peitry zu Rued-Syr an der Gemeng Betzder verbënnt rustikale Charme mat enger raffinéierter Kichen. An enger klasséierter Scheier aus dem 18. Joerhonnert, kritt een hei Platen aus frëschen, saisonale Produkter vu lokale Produzente preparéiert - eng Kombinatioun aus Lëtzebuerger Klassiker, franséischer Kichen a moderne Kreatiounen - mat vegetareschen Optiounen.

Nieft dem Restaurant bitt d’Restauberge Peitry och eng kleng Auberge mat gutt equipéierte Studioen un an ass ideal fir privat oder geschäftlech Evenementer – eng gemittlech Adress fir ze genéissen an ee flotten Openthalt am Kanton Gréiwemaacher ze verbréngen.


Infos

 Google Maps



Zréck bei de Kanton