Hotel Bel-Air
Den Hotel Belair ass um Rand vun der Stad Iechternach am Bësch direkt an
der klenger Lëtzebuerger Schwäiz. Hei kann ee matzen an der Natur nieft engem
wonnerschéine Park an engem vu Sites et Monuments klasséierte Gebai aus den
1920er Joren ee romanteschen Openthalt verbréngen.
Perfekt fir Leit déi de Mëllerdall an engem klassesche Kader mat engem opmierksame Service an enger gudder Kiche wëllen entdecken.
Tailor's Trail
Archibald de Prince
De Restaurant Archibald de Prince op der Lauterbuer, nieft dem
Iechternacher Séi an der Stad Iechternach ass ee gastronomesche Restaurant mat
enger klenger Auberge a rouegen Zëmmeren, déi bewosst op elektronesch
Oflenkunge verzichten, fir e relaxen Openthalt ze garantéieren. De Restaurant,
geleet vum Archibald a vum Rachel, setzt op ausgewielte lokalen a saisonale
Produkter a bitt hire gastronomeschem Menu och ëmmer an eng planzlech Optioun
un.
Déi perfekt Plaz fir ee gastronomeschen Openthalt am Kanton Iechternach - mat Moiesiessen an engem 8-Gängen-Degustatiounsmenu ze genéissen.










