Golf de Luxembourg - Belenhaff
De Golf de Luxembourg – Belenhaff ass an der Gemeng Jonglënster tëscht dem Gréngewald an dem Mëllerdall. Den 18-Lach Terrain vun 120 ha bestecht duerch seng hiwweleg Landschaften, seng Séien a seng héichwäerteg Greens.
D’Clubhaus befënnt sech an engem ale vu Sites et Monuments klasséiertem Haff vum 19. Joerhonnert. Eng kompetent Ekipp suergt fir en häerzlechen Empfang an en agreabelen Dag um Terrain. De Club bitt och Golfcoursen fir all Niveau un.

