Archibald de Prince
De Restaurant Archibald de Prince läit op der Lauterbuer direkt nieft der Stad Iechternach - net wäit vum Iechternacher Séi. Et ass ee gastronomesche Michelin-Restaurant dee fir d'Raffinesse vu senge Platen bekannt ass. De Restaurant bitt ee gastronomesche Menu u bei deem all Produkt, lokal a saisonal, vum Kach ausgewielt gëtt an deen et och an enger planzlecher Variant gëtt.
Fir d'Rachel an den Archibald steet d'Leidenschaft fir d’Harmonie tëscht Natur, Kachkonscht a Service am Mëttelpunkt. Et ass déi perfekt Plaz fir op eng gastronomesch Rees am Kanton Iechternach ze goen.
Becher Gare
D’Becher Gare zu Bech ass ee gemittleche Restaurant direkt op der aler Becher Gare. Hei kritt een eng gutt franséisch Kichen a Lëtzebuerger Spezialitéiten an engem historeschem Kader - virbereet mat lokalen a saisonale Produkter. Am Summer huet de Restaurant dräi verschidden Terrasse mat engem wonnerschéinen Ausbléck op de Panorama vu Bech.
Et ass een idealen Tëschestopp fir no engem Spadséier-, Vëlos- oder Autostour an engem authentesche Kader entspaant eng Paus ze maachen.
Aal Eechternoach
De Restaurant Aal Eechternoach ass op der Moartplaz an der Stad Iechternach. An enger gemittlecher Atmosphär am Häerz vun der Stad, kritt een hei frësch a modern Platen, preparéiert mat regionale Produkter. Och Veganer kommen hei net ze kuerz, mat reegelméisseg neie Platen an enger grousser Auswiel u planzlechen Alternativen op der Kaart.
Ee perfekt Lokal fir jidderee deen déi eelst Stad vu Lëtzebuerg wëll besichen an op der gutt geleeëner Terrass eng agreabel Zäit wëll verbréngen.


















