Skip to Content

Zréck bei de Kanton



Lokal Produkter


Fromagerie Schmalen

D’Fromagerie Schmalen an der klenger Lëtzebuerger Schwäiz zu Bäerdref - landeswäit bekannt fir hire Berdorfer Kéis - stellt zanter 1984 Qualitéitsprodukter mat Mëllech aus der eegener Produktioun hir. D'Spezialitéit vum Haus ass de Roude Bouf - ee Kéis dee säi Charakter no 6 laange Wochen entwéckelt. Dëse Klassiker gëtt et a verschiddene Geschmaacher a Gewürzer, zum Beispill Peffer oder Trüffelen.

Am Haffbuttik fënnt een och eng grouss Auswiel u Geessekéis, Jughurt, Quark an hausgemaachte Glacen. Fir jidderee dee gäre lokal Spezialitéiten an engem authenteschen a perséinleche Kader wëll entdecken.


Infos

 Google Maps