Kanton
Iechternach
De Kanton
am Portrait
De Kanton Iechternach läit am Oste vum Land. En huet eng offiziell Stad: Iechternach. Mat ronn 20.509 Awunner (2025) an enger Fläch vun 185 km² ëmfaasst de Kanton déi historesch Stad Iechternach an ass d’Häerz vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz - dem Mëllerdall. De Kanton gëllt als eng vun de beléiftste Regioune vu Lëtzebuerg fir Kultur- a Naturtourismus.

Bech, Gemeng Bech
D'Landschaftsbild
D’Landschaft vum Kanton Iechternach ass gepräägt vun enger geologescher Villfalt, mat Keuper-, Kallek- a Sandsteen. D’Schwaarz Iernz an d’Sauer, zesumme mam Iechternacher Séi sinn d'Haaptgewässer vum Kanton. Grouss Deeler gehéieren zum Mullerthal UNESCO Global Geopark, deen international fir seng eenzegaarteg Natur, seng Wanderweeër an Outdoor-Aktivitéiten unerkannt ass.

Kleng Lëtzebuerger Schwäiz, Gemeng Konsdref

D'Schwaarz Iernz, Mëllerdall
Geschicht
Historesch gesinn zielt de Kanton Iechternach zu de bedeitendste vum Land. Archeologesch Entdeckungen, wéi de Loschburmann – en Homo-sapiens aus ronn 6000 v. Chr., deen zu Waldbëlleg entdeckt gouf – weisen datt sech scho fréi Mënschen an dësem Gebitt ugesidelt hunn.
D’Réimer hu sech schonn am 1. Joerhonnert zu Iechternach néiergelooss. D’Réimervilla laanscht den Iechternacher Séi ass eng vun deene gréissten déi am Norde vu Gallie fonnt gi sinn. 698 gouf d’Stad vum Benediktinerpater, dem hellege Willibrord gegrënnt. Domat ass d'Stad Iechternach déi eelsten offiziell unerkannte Stad vu Lëtzebuerg an hir Basilika ass a bleift bis haut déi eenzeg Basilika am Land. Am 10. Joerhonnert, gouf d’Stad och befestegt fir sech géint d’Invasioune vun de Normannen ze schützen. Am 15. Joerhonnert gouf den Denzelt gebaut – dat aalt Stadhaus vun Iechternach.

Réimervilla beim Iechternacher Séi, Stad Iechternach

Basilika, Stad Iechternach

Girster Klaus, Gemeng Rouspert-Mombech
Kultur
De Kanton Iechternach huet och eng besonnesch Bedeitung fir d'Lëtzebuerger Kultur. Zu Iechternach kënnen d'Besicher all Joer d’Sprangpressessioun, déi als UNESCO-Kulturierwe klasséiert ass erliewen. Allgemeng gëtt et am Kanton Iechternach eng staark Verbonnenheet mat sengen Traditiounen. D'"Eechternoacher" bleift als Lokaldialekt och hautdesdaags nach relativ verankert.
De Kanton steet och am Zesummenhang mam Michel Rodange, deen zu Waldbëlleg gebuer gouf an deem säi satireschen Epos "Renert" d’Nationalsprooch Lëtzebuergesch gepräägt huet an déi sëlleg lokal Dialekter dokumentéiert huet.
Gläichzäiteg war de Kanton Pionéier vun der Modernitéit. Den Ingenieur Henri Tudor huet déi kleng Uertschaft Rouspert ausganks dem 19. Joerhonnert zu enger vun den éischte Plazen an Europa gemaach, déi Elektrizitéit haten.
International Perséinlechkeeten, wéi den Ernest Hemingway - deen 1945 iwwer d’Kämpf ronderëm Iechternach bericht huet - hunn de Kanton besicht.

Mortplaz, Stad Iechternach
Attraktiounen
Haut entdecken d’Visiteuren Attraktioune wéi d’Buerg an d'Schlass vu Beefort, de Schéissendëmpel oder d'historesch Gare zu Bech. De Kanton ass och bekannt fir flott Vëlos- a Kajaktoure un a laanscht d’Sauer oder Wanderen um Mëllerdall-Trail.

Buerg Beefort, Gemeng Beefort

Becher Gare, Gemeng Bech

Schéissendëmpel, Gemenge Konsdref a Waldbëlleg

Stad Iechternach

Orangerie am Rokoko Stil, Stad Iechternach