Kiosk – Place de la Constitution
De Kiosk op der Place de la Constitution an der Stad Lëtzebuerg läit nieft der Gëlle Fra an der Kathedral, beim Agank vun de Péitruss Kasematten. D’Geschäft bitt eng gutt Auswiel u Souveniren aus dem ganze Land. Hei kann een och Postkaarten kafen a verschécken.
Eng ideal Adress fir eng Erënnerung ze kafen oder eng kleng Paus ze maachen mat Bléck op d’Festung an den Dall vun der Péitruss.
Modes Nita
D’Geschäft Modes Nita an der Louvigny-Gaas ënnert der Groussgaass an der Stad Lëtzebuerg ass e renomméiert Huttgeschäft, wou Fraen a Männer originell Kappbedeckunge vun aller Aart fannen. Nieft enger grousser Auswiel gëtt et och en Atelier fir Moossaarbecht.
Eng ideal Plaz fir Hitt fir den Alldag oder fir besonnesch Geleeënheeten wéi Hochzäiten, Dafen, Kommiounen oder d’Oper ze fannen, mat kompetenter Berodung fir all Wonsch.
