Kanton
Miersch
De Kanton
am Portrait
De Kanton Miersch ass mat ronn 36.736 Awunner (2025) an enger Fläch vun 224 km² d'geografesch Mëtt vum Land. Am Kanton Miersch gëtt et eng ländlech Atmosphär mat vill Geschicht a Kultur z'entdecken.

Schlass Schëndels, Gemeng Miersch
D'Landschaftsbild
De Buedem vum Kanton Miersch besteet aus dem fir d'Guttland typesche Sandsteen. D'Flëss Uelzecht, Eesch, Atert, Mamer a Wäiss Iernz duerchzéien de Kanton. Deeler vum Kanton leien am Mullerthal UNESCO Global Geopark. Am Norde bestécht de Kanton duerch seng Plateau’en a Leeën an am Süde mat senge molereschen Däller.

De Mariendall, Gemeng Helperknapp
Geschicht
D’Geschicht vum Kanton Miersch geet zeréck bis an d’Steenzäit an an d’Réimerzäit. De Menhir vu Recken weist op eng prähistoresch Zivilisatioun am Kanton hin, wärend Iwwerreschter vun enger réimescher Villa zu Miersch op eng staark bewunnte Regioun an der Antiquitéit hindeiten.

Menhir bei Recken, Gemeng Miersch
Am Mëttelalter huet sech de Kanton zu enger Héichbuerg vum Adel entwéckelt, besonnesch gutt ze erkennen un der Vallée des Sept Châteaux, déi sech duerch eng héich Densitéit u Buergen a prestigiéisen Adelsresidenzen auszeechent.
Am 17. Joerhonnert, gouf et zu Biissen schonn eng Schmelz, wat nieft de sëllege Millen, d’wirtschaftlech Entwécklung vum Kanton weist. Am 19. Joerhonnert huet de Kanton sech industriell entwéckelt mat ënnert Anerem enger Neelfabréck. D’Wierk ass bis haut aktiv an der Produktioun vun Drot. Donieft, gouf et aner Schmelzen am Kanton Miersch: Géisserei zu Miersch, d'Schmelz zu Fëschbech an d’Schmelz zu Colmer-Bierg.
Am 20. Joerhonnert huet de Kanton Miersch sech weider entwéckelt a krut mat de Goodyear Fabrécken eng grouss Industrie dobäi déi vill Aarbechtsplazen an der Regioun garantéiert huet.

D'Schlass Miersch, Gemeng Miersch

Schlass Huelmes, Gemeng Helperknapp
Kultur
Haut steet de Kanton Miersch fir eng Mëschung tëscht Legende, Patrimoine a geliefter Kultur. En ass ee vu nëmmen zwee Kantoner – nieft dem Kanton Lëtzebuerg – mat Residenze vun der groussherzoglecher Famill, ënnert anerem zu Colmer-Bierg a Fëschbech. Schlässer wéi Miersch, Schëndels, Aansebuerg a Meesebuerg maachen d’Regioun zu enger attraktiver Destinatioun fir Kulturtourismus.

Fëschbech mam Schlass Fëschbech am Hannergrond, Gemeng Fëschbech

Schlass Meesebuerg, Gemeng Fiels
Lokal Legenden an historesch Sitte ginn dem Kanton eng mythesch Dimensioun : vum Draach, deen d’Quell vun der d'Buerg Larochette bewaacht, iwwert d’Draachestatu zu Miersch selwer bis bei déi réimesch Villa vu Miersch.

Den Draach vu Miersch, Gemeng Miersch
Attraktiounen
Vëlos- a Wanderweeër, dorënner Etappe vum Mullerthal-Trail a ländlech Dierfer ewéi Chrëschtnech erlaben et d'Géigend bewosst ze erliewen. D’Noumerleeën weisen déi typesch Gestengsformatiounen déi een och an der klenger Lëtzebuerg Schwäiz bewonnere kann. D’Vallée des Sept Châteaux mat Schlässer wéi Aansebuerg, Huelmes a Schëndels weisen dee pittoresken Deel vu Lëtzebuerg.

Helperknapp, Gemeng Helperknapp