Kass Haff
De Kass-Haff zu Rolleng an der Gemeng Miersch ass ee Bio-Haff, dee lokal Produkter aus engem biologesch dynameschen Ubau verkeeft. En ass ënnert anerem bekannt fir d’BIOG-Kéiserei, wou Geessen- a Schofskéis direkt um Haff hiergestallt gëtt. Hei ginn et och vill Aktivitéite fir déi Kleng, déi Schwäin, Kéi, Geessen an Hinger um Bauerenhaff kucke kënne kommen.
Um Haff kann ee méi iwwert d’Philosophie vum Betrib gewuer ginn an och e flotte Moment mat der ganzer Famill verbréngen.







