Skip to Content

Zréck bei de Kanton



Local Restaurants


Bistro Molkerei

De Bistro Molkerei, am Vitarium vu Luxlait um Rouscht, bitt eng modern an traditionell Kichen un an engem hellen an agreabelem Kader. Ënner der Leedung vum renomméierte Kach Quentin Debailleux gëtt et hei eng kleng Kaart mat Lëtzebuerger Spezialitéiten aus lokalen a saisonale Produkter.

Dëst ass déi perfekt Plaz fir an der Mëttesstonn oder owes e gudde Maufel z’iesse mat Bléck op déi typesch Landschaft vum Kanton Miersch.


Infos

 Google Maps


Relais Bausch

De Restaurant Relais Bausch ass zu Brouch an der Gemeng Helperknapp. An engem ueregen an traditionelle Kader kritt een hei Lëtzebuerger Spezialitéiten.

Perfekt fir Leit, déi no engem Tour an der Vallée des 7 châteaux an engem typesche Restaurant am Kanton Miersch iesse wëlle goen.


Infos

 Google Maps


Am Béiwener Eck

De Café-Restaurant Am Béiwener Eck zu Béiwen un der Atert ass ee Familljebetrib, geleet vu Schwëster a Brudder, mat enger traditioneller Keelebunn als Häerzstéck. Nieft engem Café gëtt et hei och e Restaurant mat traditionelle Lëtzebuerger Spezialitéiten.

Eng geselleg Adress am Kanton Miersch fir d’Duerfliewe vum Kanton z’entdecken.


Infos

 Google Maps



Zréck bei de Kanton