Skip to Content

Café Beim Isabelle

De Café Beim Isabelle zu Bëschdref ass e gemittlechen Duerfcafé, deen et scho säit méi wéi 100 Joer gëtt. De Café ass de Mëttelpunkt vum Duerfliewen an e feste Rendez-vous fir d’Leit aus dem Duerf.

Hei kann een an engem uerege Kader e flotten Owend verbréngen oder no enger Wanderung an de Bëscher entspanen. De Café ass och bekannt fir seng Gambas-Owender, d'Spezialitéit vum Haus.


Infos

 Google Maps


Am Béiwener Eck

De Café Am Béiwener Eck zu Béiwen un der Atert ass ee Familljebetrib, geleet vu Schwëster a Brudder, mat enger traditioneller Keelebunn als Häerzstéck. En ass en typeschen Duerfcafé an engem gemittlechen Duerf mat vill Charakter.

Nieft engem Café gëtt et och e Restaurant mat Lëtzebuerger Spezialitéiten. Eng geselleg Adress fir d’Duerfliewe vum Kanton Miersch z’erliewen.


Infos

 Google Maps




Zréck bei de Kanton