Nordpool
De Nordpool ass d’Schwämm vun der Uertschaft Colmer-Bierg fir Jonk an Al. Hei fënnt een nieft grousse Bassinen och manner déif Bassinen fir déi Kleng sou wéi eng Waasserrutsch. Fir jidderee dee gären entspane wëll, huet d’Schwämm een Hamam an ee Whirlpool.
Den Nordpool organiséiert och Schwammcourse fir Ufänger a Leit déi hier Schwammtechnike verbessere wëllen, sou wéi Fitnesscoursen am Waasser.
Fëschber Weieren
D’Fëschber Weieren an der Uertschaft Fëschbech sinn déi perfekt Plaz fir Frellen ze fänken. Déi zwee Weiere lueden a fir ee flotte Fëscherdag ze verbréngen. Dëst matzen an der Natur.
An der Buvette vun de Weiere gëtt et mëttes, ënner anerem, Lëtzebuerger Spezialitéite mat engem gudde Patt, sou wéi Kaffi a Kuch.












