Kanton
Esch
De Kanton
am Portrait
De Kanton Esch läit am Süde vum Land. Hei ginn et véier offiziell Stied: Esch-Uelzecht, Rëmeleng, Diddeleng an Déifferdeng. Mat 195.091 Awunner (2025), verdeelt op 243 km², zielt de Kanton Esch zu den am stäerkste bewunnte Kantoner am Land. De Kanton grenzt un der Belsch an u Frankräich an ass ee wichtegen urbanen an ekonomeschen Zentrum.

Keel, Gemeng Keel
D'Landschaftsbild
D’Landschaft vum Kanton Esch ass gepräägt vun Eisenäerz- a Keupergeologie, mat gréisstendeels flaachem Terrain, deen d’industriell Entwécklung begënschtegt huet. D’Flëss Uelzecht a Kuer duerchzéien de Kanton. Fréier Industriesitte goufen a Gréngflächen an a kulturell an innovativ Quartiere verwandelt, wat de Kanton zu engem beandrockende Beispill vum Iwwergank vun der Schwéierindustrie zu enger diversifizéierter a nohaltegkeetsorientéierter Ekonomie mécht.

Steebrécken, Gemeng Monnerech

Quartier Arboria, Stad Déifferdeng
Geschicht
Historesch huet de Kanton Esch eng entscheedend Roll an der Entsteeung vum moderne Lëtzebuerg gespillt. Eng keltesch Präsenz ass schonn aus dem 2. Joerhonnert v. Chr. um Tëtelbierg bei Rodange nogewisen.

Tëtelbierg, Gemeng Déifferdeng
Am Mëttelalter war d’Stad Esch eng wichteg Befestegung, déi bis an d’17. Joerhonnert existéiert huet. Am 19. Joerhonnert koum et zu engem staarke Bevëlkerungswuesstem duerch d'Entwécklung vun der Stolindustrie - mat Stolwierker ënnert anerem an der Stad Esch, Stad Déifferdeng, Stad Diddeleng, Stad Rëmeleng, Schëffleng a Rodange.

Bléck op d'Jousefskierch, Stad Esch

Kleng Italien, Stad Diddeleng
D’Stolindustrie huet hiren Héichpunkt mat der Grënnung an Entwécklung vun der ARBED (haut ArcelorMittal) gehat. Am 21. Joerhonnert goufe fréier ARBED-Sitten, zum Beispill um Belval grondleeënd nei geduecht. De Kanton Esch huet sech zu engem wichtege Recherche- a Fuerschungsstandort vu Lëtzebuerg entwéckelt. D'Stolindustrie spillt iwwerdeems weider eng wichteg Roll. Hautdesdaags ass hei déi eenzeg Universitéit vu Lëtzebuerg.

Héichiewen, Belval, Stad Esch
Kultur
Zu de kulturelle Perséinlechkeete vum Kanton gehéieren de Batty Weber, gebuer an der Stad Rëmeleng, de Fotograf Edward Steichen Initiator vun der UNESCO World Heritage Ausstellung "The Family of Man", an de Guillaume Kroll, den Erfinder vum Titan, gebuer an der Stad Esch-Uelzecht.

D'Universitéit Lëtzebuerg um Belval, Stad Esch

De Waassertuerm vun der Stad Diddeleng, Gemeng Diddeleng
Attraktiounen
De Kanton ass Deel vun der Minett UNESCO-Biosphär. Visiteuren entdecken Attraktioune wéi de Parc Merveilleux, de Nationale Minnemusée an der Stad Rëmeleng an den historeschen Zuch Train 1900 am Fond-de-Gras, wou een och méi iwwert den Eisenäerzofbau gewuer gëtt.

Nationale Minnemusee, Stad Rëmeleng
Um Site Belval fënnt de Visiteur och een impressionant restauréierten Héichuewe matzen an engem architektonesch beandrockendem Ensembel u Gebaier - ënnert anerem entworf vum weltbekannten Architekt François Valentiny.
Fester ewéi d’Fête des Hauts-Fourneaux oder d’Fête de la musique, sou wéi Vëlos- a Wanderweeër laanscht de Minett Trail, komplettéieren d’Offer vum Kanton.

D'Gare vum Fond-de-Gras, Gemeng Déifferdeng

Velodukt um Belval nieft dem Stolwierk vun ArcelorMittal, Stad Esch
Minett Unesco-Biosphär, Lasauvage, Gemeng Déifferdeng