Skip to Content

Zréck bei de Kanton



Kultur & Fräizäit


Nationale Minnenmusée

De Musée National des Mines an der Stad Rëmeleng weist d’Entwécklung vum ënnerierdeschen Äerzofbau zu Lëtzebuerg vun 1870 bis 1990. Hei kann een mat der Minièresbunn bis déif an d’Galerien erafueren a méi iwwert d’Entwécklung vum Ofbau vum Äerz gewuer ginn – mat enger grousser Ausstellung u Maschinnen.

Déi ideal Plaz fir all Technik Begeeschterten a jiddereen dee méi iwwert den Ofbau vum Eisenäerz gewuer wëll ginn.


Infos

 Google Maps


Escher Déierepark

Am Escher Déierepark um Gaalgebierg an der Stad Esch kann een op 2 ha ongeféier 250 Déiere vu 25 verschidden Zorten entdecken. Nieft dem normale Rondgank duerch de Park, gëtt et hei och nach ee Bauerenhaff wou een déi typesch Déiere vu Lëtzebuerger Bauerenhaff ka gesinn.

Nom Tour gëtt eng gutt Erfrëschung am Bamhauscafé, wou een an engem Bamhaus an enger waarmer an häerzlecher Atmosphäre den Dag kann ausklénge loossen.


Infos

 Google Maps


Parc Merveilleux

De Parc Merveilleux zu Beetebuerg ass deen eelsten Attraktiounspark aus ganz Lëtzebuerg. D’Visiteure kënnen hei nieft engem Zoo, Märercher aus alen Zäiten entdecken sou wéi Minigolf spillen. De Parc huet och eng Zooschoul, wou Kanner méi iwwert d’Déieren am Zoo gewuer ginn.

Déi perfekt Plaz fir ee flotten Dag mat der Famill ze verbrénge mat villen Spillplazen an Attraktiounen.


Infos

 Google Maps



Zréck bei de Kanton