Skip to Content

Café Pitcher

De Café Pitcher an der Stad Esch direkt nieft Al Esch - dem historeschem Zentrum vun der Stad - ass eng Institutioun déi wäit iwwert de Kanton Esch bekannt ass. An engem perséinlechen Décor mat villen Erënnerungen aus Amerika, kann een hei lokal Béiere wéi Battin genéissen.

Eng ideal Plaz fir ee gesellege Moment an engem entspaante Kader ze verbréngen.


Infos

 Google Maps


Café Le Pirate

De Café Le Pirate zu Lalléng ass ee gesellege Café am Lallénger Quartier. Hei kritt een eng gutt Erfrëschung vun der Brasserie Battin. Donieft, bitt de Café och eng kleng Restauratioun un.

Eng perfekt Plaz fir zu Lalleng no engem Trëppeltour op der Terrasse oder am gemittleche Café ee gesellege Moment an engem authentesche Kader ze verbréngen.


Infos

 Google Maps



Café Beim Kueb

De Café Beim Kueb zu Steebrécken ass wäit iwwert de Kanton Esch fir seng Keelebunn bekannt. Hei kritt ee nieft typesche Lëtzebuerger Platen och Béier vun der Brasserie nationale.

Eng Institutioun am Kanton Esch wou een ee gemittleche Moment an enger geselleger Atmosphäre verbrénge kann.


Infos

 Google Maps



Zréck bei de Kanton