Skip to Content

Zréck bei de Kanton



Lokal Restauranten


Maison Lefèvre

D’Maison Lefèvre an der Stad Esch ass ee Restaurant dee wäit iwwert de Kanton Esch fir seng raffinéiert gastronomesch Kiche bekannt ass.

D'Haus ass vum Alfred Lefèvre, engem legendären Entrepreneur deen d’Stad Esch ëm 1900 duerch seng Baute gezeechent huet gebaut ginn. An der Zäit, war op dëser Plaz de legendäre Maona, ee Club dee landeswäit bekannt war.

Déi perfekt Plaz fir an engem historesche Kader vun der Stad Esch gastronomesch Kichen ze genéissen.


Infos

 Google Maps


Am Kraeltgen

De Restaurant Am Kraeltgen zu Aspelt an der Gemeng Fréiseng ass e gemittleche Restaurant, deen duerch säin ueregen an traditionelle Kader iwwerzeegt. Hei kritt ee Lëtzebuerger Spezialitéiten a klassesch Platen, begleet vu Muselwäiner a lokale Béiere wéi Bofferding oder Battin. 

Eng häerzlech a geselleg Adress, ideal fir zesummen eng gutt Zäit bei guddem Iessen ze verbréngen.


Infos

 Google Maps


Brasserie Am Home

D’Brasserie Am Home ass déi ideal Plaz fir gemittlech mat Kolleegen ee Patt ze drénken an ee gudde Maufel z’iessen. Hei kritt ee nieft klassesche Lëtzebuerger Spezialitéiten och all Dag Suggestioune vum Patron ugebueden am Service continu. Mëttes bitt d’Brasserie e Menu du Jour un. Donieft, bitt de Restaurant och eng gutt Auswiel u Wäiner un, wou fir jiddereen eppes dobäi ass.


Déi perfekt Plaz fir op der iwwerdeckter Terrass oder am gemittleche Café mat engem kompetenten a frëndleche Service ee gesellege Moment ze verbréngen.


Info

Google Maps



Zréck bei de Kanton