Skip to Content

Zréck bei de Kanton



Lokal Produkter


Lola Valerius – Chocolatier du Luxembourg

Lola Valerius ass eng Chocolatière déi hiert Geschäft direkt nieft der Uelzechtstrooss an der Stad Esch huet. D’Lola Valerius ass wäit iwwert de Kanton Esch bekannt fir seng fein an exquisite Schokelaskreatiounen – déi mat deene beschten Ingredienten op der Hand gemaach ginn. D’Haus schafft exklusiv ouni Konservéierungsmëttel oder Geschmacksverstäerker a versicht den Zocker op ee minimum ze reduzéieren.

Beim Lola Valerius steet de Genoss an de Respekt virum Produkt an dem Handwierk am Fokus. An der Stad Esch kann een ee Bléck an d’Aarbecht vum Chocolatier kréien an och op der Plaz an engem gemittleche Kader d’Kreatiounen degustéieren.


Infos

 Google Maps


Pâtisserie Engel

D’Pâtisserie Engel zu Schëffleng ass eng renomméiert Bäckerei-Pâtisserie. Hei kritt ee frëscht Brout, Viennoiserien an traditionell Pâtisserie. Eng häerzlech Ekipp an eng waarm Atmosphär maachen d’Pâtisserie Engel zu enger lokaler Referenz, wou Traditioun a Genoss an engem authentesche Kader zesummekommen.

Hei kann ee no engem Tour duerch Geschäftsstrooss vu Schëffleng ee Café drénken an eng vun de sëllesche Patisseriën probéieren.


Infos

 Google Maps