Skip to Content


Kanton

Réiden

De Kanton

am Portrait


De Kanton Réiden ass am Norde vu Lëtzebuerg. Mat enger Fläch vun 267 km² an 21 442 Awunner (2025) huet en eng niddreg Bevëlkerungsdicht an ass staark ländlech gepräägt. De Kanton Réiden gëtt dacks de Wëlle Westen vu Lëtzebuerg genannt.


Napoleonsgaart bei Heeschpelt an der Gemeng Grousbus-Wal am Kanton Reiden

Beim Napoleongaart, Heeschpelt, Gemeng Groussbus-Wal


D'Landschaftsbild


De Kanton ass Deel vun den Ardennen a vum Guttland a bitt mat Schifersteen, Sandsteen a faarwegem Sandsteen eng geologesch Villfalt. D’Flëss Sauer an Atert prägen d’Landschaft. Am Norden bestécht de Kanton duerch seng héich a scheinbar onendlech Koppen, am Süde mat sénge molereschen Däller a liicht hiwweleger Landschaft.


Areler Land bei Biekerech an der Gemeng Biekerech am Kanton Reiden

Bei Biekerech, Gemeng Biekerech


Geschicht


 Eng fréi Präsenz vu Réimer am Kanton beweist ee réimescht Mosaik, dat zu Viichten entdeckt gouf an haut am Nationalmusée an der Stad Lëtzebuerg ausgestallt ass. 

D'mëttelalterlech Ierwe gesäit ee gutt un der Buerg Useldeng

Iwwert Joerhonnerten konnt sech de Kanton Réiden duerch Handel, Landwirtschaft an Handwierk entwéckelen. D'Ueleg- an d'Käremillen hunn eng wichteg Roll fir sain Opschwong gespillt.

D'Beckericher Millen an d'Leekoll​ zu Uewermaartel weisen d’wirtschaftlech Entwécklung am Kanton an engem authentesch ländleche Kader.

De Kanton Réiden ass och d'Gebuertsplaz vum Nicolas Grang, deen Enn vum 19. Joerhonnert bei den Expeditiounen vum Henry Morton Stanley an de Kongo mat derbäi war. Zu Bëschrued ass haut nach eng Strooss no him benannt. 


Buerg Useldeng zu Useldeng an der Gemeng Useldeng am Kanton Reiden

Buerg Useldeng, Gemeng Useldeng


Viichten an der Gemeng Viichten am Kanton Reiden

Viichten, Gemeng Viichten


Biekerecher Millen zu Biekerech an der Gemeng Bierkerech am Kanton Reiden

Beckericher Millen, Gemeng Beckerich


De Jhangli zu Nidderpallen an der Gemeng Reiden am Kanton Reiden

De Jhangeli, Nidderpallen, Gemeng Réiden


Kultur


 De Kanton Réiden ass räich un Traditiounen. Dat lokaalt Gedrénks Maitrank - een alt Rezept bestoend aus lëtzebuerger Wäisswäin, Cognac a Waldmeister - gëtt a ville Caféën an op de lokale Fester haut nach fir seng stëmmungsophellend Wierkung zerwéiert.

D'Kropemannfest, wat all Joer zu Réiden stattfennt, ass e folkloristescht Element vun der kantonaler Identitéit. De Kropemann ass der Legend no e Wiesen, wat Kanner an d'Pëtzer zitt. Des Legend gouf erzielt fir d'Kanner vum Waasser fort ze halen.

 De Kanton Réiden ass d'Gebuertsplaz vun enger Schlësselfigur vun der europäescher Politik, dem Jean-Claude Juncker, dem laangjärege Premierminister vu Lëtzebuerg a fréiere President vun der Europäescher Kommissioun.


De Kropemann zu Reiden an der Gemeng Reiden am Kanton Reiden

Statu vum Kropemann vum 
Jef Claerhout, Réiden un der Attert, Gemeng Réiden un der Atert


Attraktiounen


Haut entdecken d'Visiteure Schlässer a Buerge wéi d’Buerg Useldeng, d’Schlässer Kolpech an Turelbaach an uereg Dierfer wéi Biekerech, Randschelt an Ueschdref. 

Déi fréier Zuchstreck Janglisbunn, gouf an eng Vëlospist ëmgewandelt an ass haut eng flott Fräizäitaktivitéit am Kanton.


Randschelt an der Gemeng Grousbus-Wal am Kanton Reiden

Randschelt, Gemeng Groussbus-Wal


Park vum Schlass Colpech zu Colpech an der Gemeng Ell am Kanton Reiden

Colpech, Gemeng Ell


Turelbaach an der Gemeng Grousbus-Wal am Kanton Reiden

Turelbaach, Gemeng Groussbus-Wal