Skip to Content


Zréck bei de Kanton


Cafés & Bars


Café Um Kimm

De Café Um Kimm ass zu Bungeref um Kimm an der Gemeng Rammerech. Et ass een typeschen Duerfcafé op enger ganz besonnescher Plaz am nërdlechsten Deel vum Wëlle Westen - héich op der Kopp.

Nieft dem Holzuewen, kann een hei no enger Wanderung laanscht d'Sauer oder no engem flotten Tour duerch déi déif Bëscher aus der Géigend ee Patt drénken a gemittlech den Dag ausklénge loossen.

Um Kimm fillt een sech zréckversat an d'Zäit vun de Schmugglerpied, op deene fréier Wueren heemlech vun enger Säit vun der Grenz op déi aner bruecht gi sinn. Eng perfekt Plaz fir dem stättesche Kaméidi ze entkommen an d'Rou vum Kanton Reiden ze tanken.


Infos

 Google Maps


Carpe Diem

De Café Carpe Diem zu Groussbus ass een Duerfcafé an engem restauréierte Bauerenhaff aus dem 16te Joerhonnert. Hei kann een an enger gemittlecher Atmosphär lokal Béiere genéissen an Dart oder Billard spillen.

Nieft dem Café ass de Carpe Diem och ee Restaurant an eng Chambre d’hôte. Eng authentesch a convivial Plaz fir den Dag am Kanton Réiden auskléngen ze loossen.


 Info

Google Maps




Zréck bei de Kanton