Kanton
Dikrech
De Kanton
am Portrait
De Kanton Dikrech läit am Norde vu Lëtzebuerg. Am Kanton ginn et zwou offiziell Stied : Dikrech an Ettelbréck. Mat enger Bevëlkerung vu ronn 36.240 Awunner (2025) an enger Fläch vun 204 km² gehéiert de Kanton Dikrech zu de meescht bevëlkerten a dynamescheste Kantoner vum Norden.

Vue op d'Stad Ettelbréck vu Schieren aus
D'Landschaftsbild
De Kanton Dikrech ass gepräägt vu Schifer- a faarwege Sandsteenformatiounen, mat Koppen, grousse Plateauen an Däller. D’Flëss Sauer, Uelzecht, Wark a Wäiss Ernz zeien sech duerch d’Landschaft. De Kanton ass eng Mëschung vun urbanen Zentren an enger ländlecher Landschaft mat vill Natur. Deeler vum Kanton leien am Naturpark Our an am Mullerthal UNESCO Global Geopark.

D'Sauer bei Ierpeldeng, Gemeng Ierpeldeng

Welschent, Gemeng Buerschent
Geschicht
D’Geschicht vum Kanton Dikrech geet iwwer 4.000 Joer zeréck. Den Däiwelselter - restauréiert um Enn vum 19 Jorhonnert - ass eng kuriéis Steekonstruktioun, déi diverse Quellen no e prähistoreschen Zäitzeien aus ronn 2000 v. Chr. kéint sinn.
D'Laurentiuskierch vun der Stad Dikrech ass op réimesche Fundamenter opgebaut. D’mëttelalterlech Bedeitung vum Kanton weist sech um Beispill vun der Buerg Buerschent. Ma och d'Stad Dikrech selwer war vum 14. Jorhonnert un a bis Uganks vum 19. Jorhonnert eng befestegt Stad mat enger Stadmauer.
1795 gëtt Lëtzebuerg ënnert dem Napoléon Bonaparte zum "Département des Forêts" erklärt an d'Stad Dikrech gëtt een eegene Kanton. Doduerch ass d'Stad Dikrech och haut nach e wichtegen administrativen Zentrum mat staatleche Verwaltungen a Geriichter.

Laurentiuskierch, Stad Dikrech

Buerg Buerschent, Gemeng Buerschent
Am 19. Joerhonnert huet d’Stad Dikrech eng staark industriell Identitéit entwéckelt, ënnert anerem duerch d’Béier-Braukonscht vun der Brasserie de Luxembourg - bekannt fir den Dikrech a Mousel Béier. Ma d'Stad Dikrech ass och déi Plaz, mat der eelster Mercedes-Benz Konzessioun ausserhalb vun Däitschland. An de restauréierten Atelieren vum haitegen Automobilmusée sinn deemols nach Karrossen op der Hand zesummegebaut ginn.
1848 stung déi zweet wichteg Stad vum Kanton Dikrech - d'Stad Ettelbréck - am Zentrum vun der lëtzebuerger Revolutioun. Den 28. Abrëll 1848 ass d'Parlament zu Ettelbréck an der Schoul zesumme komm fir eng nei, méi liberal Verfassung auszeschaffen. An der neier Verfassung goufe spéider fundamental Mënscherechter festgehalen. Duerch déi gestäerkte Pressefräiheet konnt sech doropshin an der Stad Dikrech en Zeitungswiesen entwéckelen.
Am Zweete Weltkrich war d’Stad Ettelbréck de Sëtz vum General Patton wärend der Ardennenoffensiv, an de Kanton ass bis haut enk mat der militärescher Geschicht vu Lëtzebuerg verbonnen, mat Dikrech als Garnisounsstad vun der Lëtzebuerger Arméi.

Patton-Monument, Stad Ettelbréck

Botterfra vum Wil Lofy, Stad Ettelbréck
Kultur
De Kanton Dikrech ass staark mat der nationaler Identitéit an de ländlechen Traditioune verbonnen. Dat gëtt ënnert anerem symboliséiert duerch d’Botterfra, enger Statu vum Wil Lofy zu Ettelbréck, déi der Landwirtschaft gewidmet ass. D'Foire agricole, dei all Joer an der Stad Ettelbreck stattfennt, ass e landeswäit bedeitendFest fir all d'Frënn vun der Landwirtschaft.

Statu vum Dikrecher Iesel, Stad Dikrech
Attraktiounen
Niewt der Buerg Buerschent an de Schlässer Ierpeldeng, Bettenduerf, Méischdref an Ierpeldeng ginn et am Kanton Dirkech vill uereg Dierfer wéi Schlënnermanescht an Eppelduerf ze gesinn. Eng ganz Rei Vëlos- a Wanderweeër ronnen d'Natur- a Kulturerliefnis vum Kanton of.
Déi sëlleg Muséeën wéi den Autos-, Militär- a General Patton Memorial Musée maachen de Kanton zu engem wichtege kulturellen an historesche Mëttelpunkt am Norde vu Lëtzebuerg.

Schlënnermanescht, Gemeng Buerschent

Schlass Ierpeldeng, Gemeng Ierpeldeng un der Sauer