Conservatoire National de Véhicules Historiques
De Conservatoire National de Véhicules Historiques (CNVH) an der Stad Dikrech weist d’Geschicht vum Automobil an dem motoriséierte Landtransport zanter Enn vum 19ten Joerhonnert. De Musée befënnt sech an der fréierer Autosfabrick Jean Wagner, wou mat déi éischten Automobiler vu Lëtzebuerg gebaut gi sinn.
Nieft der permanter Ausstellung iwwert d’Manufaktur vun Autoen zu Lëtzebuerg, kritt een hei reegelméisseg thematesch Ausstellungen mat flott restauréierten Autoen gewisen. Hei kënnt all Automobilbegeeschterten op seng Käschten.
Nationalmusée fir Militärgeschicht
De Nationalmusée fir Militärgeschicht (MNHM) an der Stad Dikrech ass international bekannt fir seng wëssenschaftlech Opschaffung vun der Ardennenoffensiv zu Lëtzebuerg vum Wanter 1944–45. Mat iwwer 100.000 militäreschen Exponater an opwenneg nogestallte Kampfzeene bitt de Musée en impressionnante Bléck an en däischtert Kapitel vun der Lëtzebuerger Geschicht.
Eng zweet Sektioun ass der Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi gewidmet, vun der Grënnung vum Groussherzogtum bis haut.
General Patton Memorial Musée
De General Patton Memorial Musée an der Stad Ettelbréck weist d’Geschicht vum General S. Patton senger drëtter Arméi, déi d’Stad wärend der Ardennenoffensive befreit huet.
De Besicher gëtt hei méi iwwert den Oflaf vun der Befreiung gewuer a kritt een Abléck an dëst Kapitel vun der Stad Ettelbréck, déi iwwerdeems och "Patton Stad" genannt gëtt.
Stadmusée Stad Dikrech
De Stadmusee vun der Stad Dikrech bitt a fënnef Ausstellungsraim eng Iwwersiicht iwwert d’Geschicht vun der Stad Dikrech. Vun der Steenzäit iwwert d’Réimer bis bei déi industriell Vergaangenheet vun der Stad, gëtt een hei och méi iwwert aktuell Theme gewuer.
Direkt nieft dem Musée läit d’Kulturhaus, wou reegelméisseg temporär thematesch Ausstellungen a Wierker vu lokale, regionale an internationale Kënschtler gewise ginn.















