Hotel Dimmer
Den Hôtel Dimmer op der Wallenduerfer-Bréck ass ee Familljebetrib um Zesummefloss vun de Flëss Our a Sauer, matzen am Natur- a Geopark Mëllerdall, engem UNESCO Global Geopark. Den Hôtel ass een idealen Ausgangspunkt fir Vëlostouren, Wanderungen iwwert de Mullerthal Trail an d’Entdeckung vu pittoresken Stied wéi Dikrech an Iechternach.
Nieft gemittlechen Zëmmer, enger regionaler Kichen mat lokale Produkter an engem Wellnessberäich mat Sauna – ass den Hôtel Dimmer perfekt fir ee rouegen a relaxen Openthalt an der Regioun.
Sporthotel Leweck
De Leweck Resort op der Lëpschter Dellt an der Gemeng Buerschent, mat Vue op d’Buerschter Schlass, ass e 4-Stären-Superior Hotel deen zanter 1871 vun der Famill Leweck gefouert gëtt.
Traditioun a Modernitéit ginn hei verbonnen, mat enger grousser Offer u Gastronomie, Wellness a ville Fräizäitaktivitéiten, an engem gemittlechen dekontraktéierte Kader – ideal fir ze entspanen an Energie ze tanken.








