Skip to Content

Zréck bei de Kanton



Cafés & Bars


Café Beim Frank

De Café Beim Frank läit am Häerz vun Dikrech op der Liberatiounsplaz. En ass wäit iwwert de Kanton Dikrech eraus bekannt fir säin exzellente Service a seng Terrasse am Summer. Hei kritt ee nieft enger Auswiel u lëtzebuerger Wäiner a Crémanten vun engem lëtzebuerger Privatwënzer och eng gudd Selektioun u Béieren. Am Café gëtt et de ganzen Dag am Service continu z’iessen : vum klassesche Croque Monsieur bis zur Quiche Lorraine.

Mat engem kompetente Service, ass de Café Beim Frank eng gesellesch Plaz, wou een an der Stad Dikrech eng gutt Zäit ka verbréngen.


Infos

 Google Maps


Café Laanscht d'Sauer

De Café Laanscht d’Sauer zu Reisduerf am Kanton Dikrech läit direkt nieft der Vëlospist laanscht d’Sauer. Hei kann een an enger ureger Atmosphär, nieft dem Holzuewen, entspaant ee Patt drenken. Mëttes gëtt et och ee Plat du jour.

Dëst ass eng ideal Plaz fir eng Partie Kaarten ze spillen a flott Momenter mat sénge Frënn ze verbréngen. De Café Laanscht d'Sauer ass nach een typeschen Duerfcafé, dee mat Häerz gefouert ass.


Infos

 Google Maps



Café Miche

De Café Beim Miche ass e Café am Zentrum vun der Stad Dikrech, wou ee nieft Béier vun der Brauerei Dikrech och eng Selektioun u lëtzebuerger Wäiner a Crémant, sou wéi eng gutt Auswiel u Cocktailer kritt.

Am Dag, ass de Café bekannt fir säi Kaffi a Kuch. An der Mëttesstonn, gëtt et hei och ee Plat du jour, deen och all Dag vegan ugebuede gëtt.

De Café Miche verkierpert den traditionnellen Duerfcafé mat an engem kënschtlerechen a musikaleschen Touch. Reegelméisseg fannen hei och Concerten statt. Fir Nuetsliewen am Kanton ass hei beschtens gesuergt - virun allem Freides Owes.


Infos

 Google Maps


Cafe No.12

De Cafe No.12 ass e Coffee Shop am Zentrum vun der Stad Dikrech. D’Philospohie vum Betrib ass, datt all d’Produkter, déi ugebuede ginn, ouni Gluten sinn. Hei kritt ee nieft dem Häerzstéck Kaffi och eng grouss Auswiel u Kuch a Gebäck. Mëttes bidd de Café No.12 och eppes z'iessen un.

Eng perfekt Plaz fir ze entspaanen oder produktiv a roueger Stëmmung ze schaffen.


Infos

 Google Maps



Zréck bei de Kanton