Kanton
Clierf
De Kanton
am Portrait
De Kanton Clierf läit an den Ardennen. Et ass de nërdlechste Kanton vu Lëtzebuerg an zeechent sech duerch seng Koppen, déif Däller a Bëscher aus. Ën ass ausserdeem zanter jeehier vu Land- a Forstwirtschaft gepräägt. De Kanton Clierf ass ee vun dräi Kantoner zu Lëtzebuerg mat engem Dräilännereck. Am kantonale Chef-Lieu Clierf ass d’UNESCO Ausstellung „The Family of Man” vum Edward Steichen ze gesinn.
Mat enger Fläch vun 342,2 km² ass de Kanton Clierf de gréisste Kanton vu Lëtzebuerg. Ën huet awer nëmme ronn 21.800 Awunner an eng vun de niddregste Bevëlkerungsdichten vum Land. „Kneiff“ bei Huldang ass mat 560,05 Meter iwwert dem Mieresspigel den héchste Punkt vu Lëtzebuerg an den Houser Sendemast vum RTL Group ass mat 300 Meter dat héchste Bauwierk vum Land.
Zum Kanton Clierf gehéiere follgend Gemengen: Clierf, Parc Housen, Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger.

Burrigplatz, Huldange, Municipality of Troisvierges
D'Landschaftsbild
D'Landschaftbild ass staark ländlech. Schieferbuedem, Koppen, Bësch a Felder zeechnen de Kanton aus. Déi vill Baachen, déi wëll Däller Our a Clierf, sou wéi de Wäiswampecher Séi maachen en och ganz waasserräich. De Kanton läit am Naturpark Our, engem Gebitt, wat fir seng Biodiversitéit, Wanderweeër a moleresch Landschaft bekannt ass.

D'Our mat Eesbech am Hannergrond, Gemeng Park Housen

Houser Sender, Gemeng Park Housen
Geschicht
Eng spektakulär Entdeckung vun engem réimesche Schatz aus dem 4. Joerhonnert no Christus bei Housen weist déi fréi strategesch Bedeitung vum Kanton Clierf.
D'Schlass vu Clierf am Zentrum vum kantonale Chef-Lieu symboliséiert säin herrschaftlecht Iewen, wat bis op 12. Joerhonnert zeréckgeet. De Kanton ass ausserdeem zanter jeehier staark vun der Landwirtschaft geprägt.
De Schéifer vun Asselburren verkierpert de lokale Widderstand géint déi franséisch Revolutiounstruppen um Enn vum 18. Joerhonnert am sougenannte Klëppelkrich.
Vun der Mëtt vum 19. Jorhonnert un hunn d'Verspriechen vun der industrieller Revolutioun zu bedeitenden Emigratiounen an de Kanton Esch a Capellen, ma och an Nord- a Südamerika gefouert. Dat gesäit een haut nach un de Ruinen vum verloossenen Duerf Uewerschlënner.
Uganks vum 20. Jorhonnert gouf héich uewen op der Kopp bei Clierf déi fir de Kanton bedeitend Benediktinerabtei "Saint-Maurice" erriicht.
Wärend dem Zweete Weltkrich war de Kanton Clierf staark vun der Ardennenoffensiv betraff, un déi den GI Memorial Clierf an de Memorial Parc Housen haut nach erënneren.

Schlass Clierf

D'Abtei vu Clierf, Eeselbur, Gemeng Clierf
Kultur
De Kanton Clierf zeechent sech duerch e liewegt Veräinsliewen mat e sëllegen Duerffester a Feieren aus. Traditionell Fester wéi d'Gromperefest zu Benzelt an den Haupeschmaart zu Munzen verkierperen dat Clierfer Landliewen.

De Schéifer Misch van Asselburren, Asselburer Millen, Gemeng Wëntger
Attraktiounen
De Kanton Clierf ass duerch seng Aussiichtpunkten, seng ländlech Architektur a seng well Natur ee Paradies fir Wanderer.
D'Ausstellung "The Family of Man" vum Edward Steichen, déi zum UNESCO Weltkulturierwen gehéiert, kann een am Schlass Clierf besichen.
De Musée rural zu Bënzelt bitt iwwerdeems een authenteschen Abléck an déi fir de Kanton Clierf typesch Berufsfelder Landwirtchaft an Handwierk.
Traditionell Duerfarchitektur zu Basbelain, Rueder oder Wäicherdang, zesumme mat laange Wanderweeër wéi dem Escapardenne Éislek Trail, maachen de Kanton zu enger idealer Destinatioun fir de Norde vu Lëtzebuerg z'entdecken.

Musée rural, Bënzelt, Gemeng Wäiswampech

The Tony Buerg Library, Troisvierges, Municipality of
Troisvierges