Skip to Content


Zréck bei de Kanton



Hotels & BnB


Anatura Hotel

Den Hotel Anatura zu Wäiswampech ass en Hotel a Fräizäitzenter matzen an der Natur nieft dem Séi. Mat 90 Zëmmer, engem Restaurant, enger Bar an engem Wellnessberäich bitt en all Confort fir Leit, déi sech entspane wëllen.

Hei kann ee mat Bléck op de Séi en entspaanten Openthalt am Éislek genéissen.


Infos

 Google Maps


Manoir Kasselslay

De Manoir Kasselslay zu Rueder ass e renomméierte Restaurant an eng Auberge am Kanton Clierf, wou een eng reng Kichen mat lokale Produkter kritt. Et ass déi perfekt Plaz fir e flotten Openthalt an engem typeschen Éisleker Duerf am Ourdall ze genéissen.

Trei dem Motto „Erliewen amplaz ze iwwernuechten“ a „Genéissen amplaz iessen“, kann een hei Touren duerch d’Éisleker Koppen mat enger kulinarescher Rees verbannen.


Infos

 Google Maps


Hotel Golf de Clervaux

Den Hotel Restaurant Golf de Clervaux zu Eeselbuer an der Gemeng Clierf, just fënnef Minutte vum Zentrum vu Clierf ewech, bitt ee gemittlechen Openthalt matzen an der Natur. Mat 22 stilvoll ageriichten Zëmmer huet den Hotel eng herrlech Panoramavue mat Vue iwwert d’Éisleker Koppen an de renomméierten 18-Lach-Golfterrain.

Eng ideal Adress fir Golfbegeeschtert, Frënn vun der Natur a Leit déi Rou an Entspanung sichen. Donieft ass den Hotel ee perfekte Startpunkt fir vill Wanderweeër, déi direkt um Hotel ufänken an dozou alueden d’Ardennen ze Fouss z’entdecken.


Infos

 Google Maps