Skip to Content

Zréck bei de Kanton



Lokal Restauranten


Manoir Kasselslay

De Manoir Kasselslay zu Rueder ass ee renomméierte Restaurant mat gastronomescher Kichen am Kanton Clierf, wou ee reng Plate aus lokale Produkter kritt. Nieft dem Restaurant gëtt et am Manoir Kasselslay eng Auberge mat gemittlechen Zëmmer.

Et kritt een hei och eng gutt ausgewielte Selektioun u lëtzebuergesche Wäiner a Crémanten, sou wéi Wäiner aus Frankräich, Däitschland, Éisträich an Italien.


Infos

 Google Maps


Les Écuries du Parc

De Restaurant Les Écuries du Parc zu Clierf ass bekannt fir seng Lëtzebuerger Spezialitéiten, déi mat saisonale Produkter aus der Regioun virbereet ginn. Nieft Päerdsbifdeck, Hierken, Spargelen, Wëld a Feierstengszalot kritt een hei och aner typesch Lëtzebuerger Platen. Donieft bitt de Restaurant eng grouss Auswiel u Lëtzebuerger Wäiner a Crémanten.

Hei kann een am Summer an am Wanter mat Bléck op d'Schlass Clierf an engem authentesche Kader e gemittleche Moment verbréngen.


Infos

 Google Maps



L'Ecuelle

De Restaurant L’Ecuelle zu Wilwerdang ass ee bekannte Restaurant un der Nordspëtzt vum Land, deen duerch seng raffinéiert traditionell Kichen bekannt ass. D’Clara an de Mario suerge mat hirer Passioun fir ee flotten Accueil.

Ee gemittleche Restaurant an engem ueregen Éisleker Duerf mat enger raffinéierter klenger Kaart.


Infos

 Google Maps



Zréck bei de Kanton