The Family of Man
Am Schlass zu Clierf an der Gemeng Clierf kann een déi weltbekannten Fotoausstellung The Family of Man vum Edward Steichen entdécken, déi Deel vum UNESCO Weltkulturierwen ass. D’Ausstellung – ee Projet fir de Museum of Modern Art vu New York – ass ee Plaidoyer fir d’Gläichheet an de Fridden tëschent de Mënschen a stellt de Mënsch an all Situatioune vum Liewen an de Mëttelpunkt.
Eng onëmgänglech Ausstellung am Kanton Clierf, déi et lount sech unzekucken, mat engem uschléissende Spazéiergang duerch dat pittoreskt Clierf.
Musee rural Binsfeld
De Musée rural zu Bënzelt am Kanton Clierf léist de Besicher an d’Landliewe vu fréier andauchen. Hei kritt een an engem ale Bauerenhaus Alldagsgéigestänn, Beruffer, Traditiounen an Handwierk vu fréier gewisen.
Mat vill Léift zum Detail ass de Musée ee Muss fir jiddereen, deen d’Landliewe hautno wëll erliewen an engem typeschen Duerf am Kanton Clierf.
Golf de Clervaux
De Golf de Clervaux zu Eselbuer ass en 18-Lach-Golfterrain an den Ardennen a gehéiert zu de schéinste Plazen am Land. Den Terrain ass technesch usprochsvoll, awer fir all Niveau zougänglech.
Och Ufänger kënnen op der Driving Range hir éischt Erfarunge sammelen.

















