Kanton
Wolz
De Kanton
am Portrait
De Kanton Wolz ass am Norde vum Land an huet eng offiziell Stad mam selwechten Numm. Mat enger Fläch vun 264 km² an enger Bevëlkerung vu ronn 19.944 Awunner (2025) kombinéiert e grouss Naturfläche mat enger staarker historescher an industrieller Identitéit. Als Deel vun de Lëtzebuerger Ardennen charakteriséiert sech de Kanton duerch de Schifer, Bierglandschaft an eng niddreg Bevëlkerungsdicht, déi typesch fir den Norden ass.

Sir, Stauséigemeng
D'Landschaftsbild
Déi natierlech Landschaft vum Kanton Wolz gëtt vu Bëscher, ländleche Plateauen a fréierer Industrie gepräägt. D'Flëss Sauer a Wolz formen déif Däller, wärend de Stauséi un der Uewersauer ee vun de wichtegsten Drénkwaasserreservoire vum Land an e Fräizäitgebitt fir Touristen a Leit aus der Géigend ass. Grouss Deeler vum Kanton gehéieren zu Schutzzone wéi dem Naturpark Our an dem Naturpark Uewersauer.

Bléck op Bonnal vu Kauneref aus, Stauséigemeng

Bléck op de Stauséi mat der SEBES, Gemeng Esch-Sauer
Geschicht
De Kanton Wolz huet eng zentral Roll an der politescher, sozialer an industrieller Entwécklung vu Lëtzebuerg gespillt.
D'Stad Wolz gouf eng éischte Kéier am 8. Joerhonnert ernimmt.
Mëttelalterlech Herrschaften hunn d'Regioun gezeechent. Dat gesäit een zum Beispill un der Buerg Esch Sauer aus dem Joer 927 oder um Schlass vun der Stad Wolz aus dem 12. Joerhonnert, déi Zeie vun dëser feudaler Vergaangenheet sinn. Vum 16. Joerhonnert un huet sech d'Lieder-, Lou- an Duchhandwierk zu enger grousser Industrie entwéckelt. Spéider konnt sech de Kanton Wolz doduerch eng Renommée uechtert ganz Europa opbauen. D'Stad Wolz ass och bekannt fir säi lokale Béier.
Uganks vum Zweete Weltkrich gouf de Kanton zu engem Symbol vum nationale Widderstand. Ee Generalstreik an der Stad Wolz géint de Nazi-Regime huet zu der Exekutioun vun 21 Aarbechter gefouert - een historesche Moment fir d'Aarbechterbeweegung an d'Resistenz zu Lëtzebuerg. Net wäit vu Wolz, um Schumannseck, huet sech spéider eng vun de bluddegste Schluechte vun der Ardennenoffensiv zougedroen.
An de 50er-Joeren gouf zu Esch-Sauer eng Staumauer gebaut. Den Uewersauer Stauséi ass bis haut wichteg fir d'Waasserversuergung vum Land a läit matzen an engem Naturschutzgebitt.

Esch Sauer

Vue op Uewerwolz, Stad Wolz

Nationaalt Streikmonument, Stad Wolz

Liberation Memorial, Schumannseck, Stauséigemeng
Kultur
D'Stad Wolz ass d'Haaptstad vun den Ardennen, an iwwert de ganze Kanton ewech spille Bësch an Natur eng wichteg Roll. Dat gesäit ee gutt un der Legend vum "Donkelsser Wollef", deen am 19. Joerhonnert an engem Wollefspelz allerlee Geschichten erzielt huet a bis haut bekannt ass.
Den Nationaldichter Michel Rodange huet an der Stad Wolz als kantonale Stroosseninspekter geschafft a säi Renert geschriwwen, e Meeschterwierk vun der Lëtzebuerger Literatur.
De Kanton Wolz ass och d'Gebuertsplaz vum René Arend, dem Erfinder vun de McDonald's Chicken Nuggets.
Zanter 1948 gëtt zu Wolz dat traditionellt Geenzefest organiséiert fir d'Schéinheet vun der Landschaft ze zelebréieren.

Donkelsser Wollef, Donkels, Gemeng Wanseler
Attraktiounen
Den Uewersauer Stauséi vereent Natur- a Fräizäiterliefnis. D'Bëscher an de Séi erlaben et, d'Biodiversitéit ronderëm des Géigend bewosst ze erliewen.
D'Schlass Wolz an d'Buerg Esch Sauer, ma och d'ländlech Architektur vun Dierfer wéi Lellgen, Ënsber a Bauschelt ginn de Kanton Wolz gutt erëm.
Hautdesdaags steet an der Stad Wolz dat nationaalt Streikmonument. Um Schumannseck erënneren de Remembrance Trail an de Liberation Memorial un dat donkelt Kapitel vun der Ardennenoffensiv.

Groussgaass zu Uewerwolz, Stad Wolz

Bauschelt, Stauséigemeng