Café Bourse
De Café La Bourse ass an der Groussgaass net wäit vum Schlass am Häerz vun der Stad Wolz. Hei kritt ee nieft dem klasseschem Simon Pils och eng gutt Selektioun u lokale Béier. Fir de klengen Honger, huet de Café och eng Friterie.
Am Café La Bourse gëtt d’Braukonscht vun der Stad Wolz a vun der ganzer Regioun gelieft.
An der Gaessen
De Café An der Gaessen zu Eschweiler am Kanton Wolz ass de Mëttelpunkt vum Liewen am Duerf. An enger gemittlecher Atmosphäre kann een hei de lokale Béier vun der Brasserie Simon genéissen, Keele spillen oder Sport a gudder Gesellschaft kucken.
Nieft dem Café gëtt et An der Gaessen och e Restaurant, wou lokal Lëtzebuerger Spezialitéiten ugebuede ginn. Eng perfekt Plaz fir no enger Wanderung am Kanton Wolz ze entspanen.
Um Schumannseck
De Café-Restaurant Schumannseck zu Noutem ass nieft sengem Restaurant och ee Café. Hei kritt ee nieft Béier vun der Brasserie Simon och Lëtzebuerger Wäiner vu Privatwënzer. De Café ass ee wichtegen Zäitzeie vun der Geschicht.
Wärend der Ardennenoffensiv war dës Plaz komplett zerstéiert a gouf nom Krich am neie Glanz rëm opgebaut. Fir jiddereen dee gären an engem historeschen an authentesche Kader ee gemittleche Moment wëllt verbréngen.














