Skip to Content


Zréck bei de Kanton


Lokal Produkter



Téi vum Séi

Téi vum Séi sinn aromatesch a medezinesch Produkter aus Kraider vun der Kraidergenossenschaft am Naturpark Uewersauer déi Kraider ubauen, verschaffen a kommerzialiséieren. All d’Kraider déi hei verschafft ginn, sinn ouni chemesch Dünger an ouni Planzeschutzmëttel kultivéiert. Se kommen deelweis och aus der fräier Natur. An der Schleef bei Donkels, gi se schounend gedréchent, fir hiert Aroma an hier natierlech Faarf z’erhalen.

D’Produkter vu „Téi vum Séi“ sinn a ganz Lëtzebuerg ze kréien, ënner anerem am „Buttik vum Séi“ zu Heischent, am Shop vum Naturpark Uewersauer zu Esch-Sauer, an a ville Cactus-Supermarchéen, souwéi an Hotellen, Caféen a Restauranten an och an Apdikten.


Infos

 Google Maps



Zréck bei de Kanton