Skip to Content


Kanton

Veinen

De Kanton

am Portrait


De Kanton Veinen ass de klengste Kanton vu Lëtzebuerg, mat enger Fläch vun nëmmen 78 km² an enger Bevëlkerung vu ronn 5.744 Awunner (2025). De Kanton huet nëmmen eng offiziell Stad : d’Stad Veinen, déi gläichzäiteg déi klengste Stad vum Grand-Duché ass. Trotz senger klenger Gréisst gehéiert de Kanton Veinen zu deene prestigiéiste vum Land.


Vue op Iewescht Gaass an der Stad Veinen am Kanton Veinen
Stad Veinen


D'Landschaftsbild


De Kanton Veinen ass Deel vun de Lëtzebuerger Ardennen a charakteriséiert sech duerch eng ländlech a vun der Geschicht gezeechent Landschaft. 

D'Geologie vum Kanton Veinen ass gepräägt vu Schifersteen a faarwegem Sandsteen. Wichteg Gewässer sinn d’Baach Blees an de Floss Our. De Kanton Veinen läit am Naturpark Our, wat de Kanton besonnesch attraktiv fir Wanderer, Geschichts- a Naturfrënn mécht.


Vue op Furen an der Gemeng Tandel am Kanton Veinen
Furen, Gemeng Tandel


Vue an den Ourdall bei Nuechtmanescht an der Gemeng Petschent am Kanton Veinen
Vue an den Ourdall, bei Nuechtmanescht, Gemeng Pëtschent


Vue op Weller an der Gemeng Pëtschent am Kanton Veinen
Weller, Gemeng Pëtschent


 Geschicht


D'Buerg vu Veinen steet op engem gallo-réimesche Castellum an ass zanter der Antiquitéit strategesch wichteg gewiescht. Se weist déi fréi militäresch Bedeitung vun der Stad Veinen. No a no huet sech d'Buerg zu enger vun de gréisste Buergen an Europa entwéckelt. D’Häre vu Veinen ware nämlech bedeitend Leit. Haut besichen all Joer zeg dausende Visiteuren déi impressionant Gemaier.

Am 19. Joerhonnert huet dunn de Kofferbiergbau zu Stolzebuerg fir Opschwong am Kanton gesuergt. Déi al Koffergrouf ass haut eng beléiften Touristenattraktioun. Am 20. Joerhonnert war d’Stad Veinen déi lescht Stad zu Lëtzebuerg, déi am 2. Weltkrich befreit ginn ass. Am Joer 1951 ass d'Société électrique de l'Our gegrënnt ginn, woumat de Grondstee geluecht gouf, fir dat monumentaalt Pompspäicherwierk um Niklosbierg.


Veiner Schlass, Stad Veinen



US-Monument "Op der Plank" an der Stad Veinen am Kanton Veinen

US-Monument "Op der Plank", Stad Veinen



Koffergrouf zu Stolzebuerg, Gemeng Pëtschent


SEO Oberbecken an der Gemeng Petschent am Kanton Veinen

Pompspäicherwierk um Nikloosbierg, Gemeng Pëtschent


Kultur


Ufank vum 19. Joerhonnert war Veinen och bekannt duerch d'Veiner Weisserten - Handwierker déi uechtert d'Land gezu si fir ze musizéieren an d'Fassaden ze "wäissen". Haut erënnert ee Monument nieft dem Veiner Stadhaus un hir Liewensfreed, déi si trotz schwéieren Zäiten ni verlooss huet an enk mat der Stad Veinen verbonnen ass.

 Souguer den humanistesche franséische Schrëftsteller Victor Hugo huet wärend sengem Exil zu Veinen residéiert, geschriwwen a gezeechent. Seng Spueren fannen sech haut nach op sou munche Plazen uechtert de Kanton.

Fester wei den Nëssmoart, d’Veiner Mëttelalterfest an de Miertche weisen dat staarkt Traditiounsbewosstsënn vun de Veiner Leit.


Skulptur vun de Veiner Weisserten vum Marie-Josée Kerschen an der Stad Veinen am Kanton Veinen
Statu vun de Veiner Wäisserten vum Marie-Josée Kerschen, Stad Veinen


Attraktiounen


De Kanton Veinen gehéiert zu de meescht besichte Plazen zu Lëtzebuerg. Nieft dem Schlass Veinen prägen d'Buerg Branebuerg an d'Schlass Stolzebuerg d'Landschaftsbild. 

Den eenzege Sessellift zu Lëtzebuerg - op deem souguer Berüümtheete wéi de Mick Jagger Plaz geholl hunn - bitt eng eenzegaarteg Vue iwwert d’Stad Veinen. 

D´Ourdall Promenade bitt een Abléck an déi wëll Landschaft laanscht de Floss Our.


Buerg Branebuerg an der Gemeng Tandel am Kanton Veinen
Schlass Branebuerg zu Branebuerg, Gemeng Tandel



Vu op Schlass Stolzebuerg zu Stolzebuerg an der Gemeng Petschent am Kanton Veinen
Schlass Stolzebuerg zu Stolzebuerg, Gemeng Pëtschent


Vue op Veiner Schlass an der Stad Veinen am Kanton Veinen
Stad Veinen