Skip to Content


Zréck bei de Kanton


Hotels & BnB


Hotel-Restaurant Victor Hugo

Den Hotel-Restaurant Victor Hugo läit an der Stad Veinen, vis-à-vis vum Haus wou de bekannte franséischen Auteur Victor Hugo wäerend sengem Exil am Groussherzogtum Lëtzebuerg gelieft huet. De Familljebetrib bitt 24 gemittlech Zëmmeren, deelweis mat Balcon a Schlassbléck, souwéi e Restaurant mat saisonaler Kichen a regionale Spezialitéiten.

Eng ideal Adress fir en erhuelsamen Openthalt matzen an der mëttelalterlecher Stad Veinen.


Infos

 Google Maps


Hotel-Restaurant

Auberge Aal Veinen beim Hunn

Den Hotel-Restaurant Auberge Aal Veinen an der Stad Veinen läit um Fouss vum Veiner Schlass. Hei kann de Visiteur a gemittlechen Zëmmer an engem ale Veiner Haus iwwernuechten. Nieft der Auberge, kritt een hei am Restaurant lokal Spezialitéiten a Platen op engem Holzgrill gekacht.

Eng uereg an authentesch Adress déi de Charme vun der Stad Veinen gutt erëmgëtt.


Infos

 Google Maps



Chalets Petry Spa & Relax

D'Chalets Petry zu Bëttel an der Gemeng Tandel si luxuriéis Chaleten, déi all néidege Confort bidden. An engem gemittleche Kader, kann een hei mat Spa, Sauna a Piscine, matzen an der Natur nieft der charmanter Uertschaft Bëttel entspanen.

Nieft Massagen, kritt een hei och op Commande Iessen a Gedrénks zerwéiert. Déi perfekt Plaz fir een entspaanten Openthalt am Ourdall ze verbréngen - direkt nieft der Stad Veinen.


Infos

 Google Maps


Oranienburg - Private Garden Residence



Zréck bei de Kanton