Collette Coffee Craft -
Café & Rëschterei
Collette Coffee Craft, an der „Ieweschtgaass“ an der Stad Veinen, ass e gemittleche Café mat enger eegener Rëschterei. All Kaffisboune ginn direkt vu lokale Kaffisbaueren bezunn. D’Philosophie vum Betrib ass nohalteg, héichwäerteg a fair ze sinn, wärend lokal Kaffisproduzenten ënnerstëtzt ginn. Hei kënnen d’Visiteuren no engem flotte Spadséiergang duerch d’Stad Veianen an engem Besuch vum Schlass verschidde Kaffiszorte genéissen.
Och Concerten an Ausstellunge ginn hei reegelméisseg organiséiert. E gemittleche Café an der Stad Veinen mat enger gemittlecher a frëndlecher Atmosphär.



