Skip to Content

Kanton
Lëtzebuerg

De Kanton

am Portrait


De Kanton Lëtzebuerg ass ee vun den zwee Kantoner aus dem Zentrum. En huet eng offiziell Stad: Lëtzebuerg. De Kanton ass de politesche, kulturellen an ekonomesche Mëttelpunkt vum Land. Mat ronn 210.561 Awunner (2025), verdeelt op 238 km², ass et de bevëlkerungsräichsten a kosmopoliteschste Kanton vu Lëtzebuerg. Hei ass och den eenzegen internationale Flughafe vum Land. 


Vue op Abtei Neumunster am Gronn an der Stad Letzebuerg am Kanton Letzebuerg
De Gronn mat Bléck op de Kierchbierg an de Bockfiels, Stad Lëtzebuerg


D’Stad Lëtzebuerg ass gläichzäiteg eng europäesch Haaptstad an d’Haaptstad vum Grand-Duché. Se ass och eng vun de Plaze wou déi offiziell Residenz vum Staatschef, de Grand-Duc vu Lëtzebuerg, Guillaume V ass. All Dag, verduebelt sech Zuel vun der Populatioun vum Kanton, duerch alleguerten d'Leit déi an de Kanton schaffe kommen.


Palais Grand-Ducal an der Uewerstad an der Stad Letzebuerg am Kanton Letzebuerg
De Palais vum Grand-Duc, Stad Lëtzebuerg


D'Landschaftsbild


D’Landschaft vum Kanton verbënnt Sandsteen- a Kalleksteengeologie mat déiwen Däller an héiche Plateauen. D’Flëss Uelzecht a Péitruss formen Däller ewéi de Pafendall oder de Péitrussdall, wou historesch Quartieren op gréng Korridore stoussen. Trotz senger urbaner Densitéit, bitt de Kanton vill natierlech Raim, wéi Stadparken an de Bambësch, an ass domat ideal fir Vëlo, Spadséiergäng, Wanderungen an Outdoor-Aktivitéiten an der Haaptstadregioun.


Vue op de Gronn an der Stad Letzebuerg am Kanton Letzebuerg
Gronn, Stad Lëtzebuerg

De Floss Uelzecht mam Tuerm Stierchen am Gronn an der Stad Letzebuerg am Kanton Letzebuerg
D'Uelzecht beim Stierchen, Gronn, Stad Lëtzebuerg

Geschicht


Historesch gëllt de Kanton Lëtzebuerg als Gebuertsstad vu Lëtzebuerg. Um Bockfiels stoung schonn an der Réimerzäit ee Castellum, an 963 huet de Siegfried vu Lëtzebuerg do eng Buerg gebaut a sou d’Grënnung vu Lëtzebuerg ageleet. D’Legend vun der Meerjungfrau Melusina steet symbolesch fir déi mythesch Urspréng vun der Stad. 

D’Häre vu Lëtzebuerg waren eng bedeitend Herrscher Famill an Europa an hunn och verschidden däitsch Kaiseren ervirbruecht. Am 12. Joerhonnert huet sech Lëtzebuerg zu enger Stad entwéckelt, déi och befestegt war. 

Iwwert d’Joerhonnerten ass d’Stad Lëtzebuerg ëmmer erëm ageholl an ugegraff ginn. All Kéiers, gouf d’Festung ëmmer erëm verbessert an am 17. Joerhonnert huet de Sébastien Le Prestre de Vauban d’Festung zu enger vun de stäerksten an Europa ausgebaut. Spéider gouf d’Stad Lëtzebuerg dacks als „Gibraltar vum Norden“ bezeechent. Och wann d’Festung geschlaff gouf, lieft hire Patrimoine um Beispill vun de Kasematte weider. 

Am 19. Joerhonnert huet d’Stolindustrie sech och am Kanton Lëtzebuerg entwéckelt mat de Schmelzen zu Eech an zu Dummeldeng, déi ënnert Anerem fir hier Kolonneniewe bekannt waren.


De Bockfiels an der Stad Letzebuerg am Kanton Letzebuerg
De Bockfiels, Stad Lëtzebuerg


D’modern Geschicht vum Kanton huet sech an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert entwéckelt, mat der Grënnung vun den éischte Banken, der Lëtzebuerger Bourse an den Holdingstrukturen an den 1920er Joren, déi de Fundament vun der haitegen internationaler Finanzplaz geluecht hunn. Haut zielt de Kanton Lëtzebuerg zu de féierende Finanzzentren an Europa an ass de Sëtz vu Banken, Investitiounsfongen an EU-Institutiounen, besonnesch am Quartier Kierchbierg, deen ab den 1960er Joren entwéckelt gouf.


De Kierchbierg an der Stad Letzebuerg am Kanton Letzebuerg
De Kierchbierg, Stad Lëtzebuerg


Kultur


D’Stad Lëtzebuerg ass de Sëtz vum groussherzogleche Palais an der Kathedral Notre-Dame. Ee wichtegt kulturellt Evenement ass d’Schueberfouer – eng vun den eelsten a gréisste Kiermessen an Europa – déi 1340 vum Jang de Blanne gegrënnt gouf.


Schueberfouer um Gacis an der Stad Letzebuerg am Kanton Letzebuerg
Schueberfouer, Stad Lëtzebuerg


Vue op Katedral Notre-Dame an der Uewerstad an Stad Letzebuerg am Kanton Letzebuerg
De Knuedler mat der Katedral am Hannergrond, Stad Lëtzebuerg


De renomméierte Lëtzebuerger Kënschtler Joseph Kutter ass an der Stad Lëtzebuerg gebuer. Zesumme mat aflossräiche Perséinlechkeeten ewéi dem Michel Rodange an dem Batty Weber vereent d’Stad Literatur a Konscht op eenzegaarteg Aart a Weis a mécht se zu engem kulturellem Mëttelpunkt vun der Groussregioun. An der Stad Lëtzebuerg fënnt och Monumenter, wéi den Hämmelsmarsch vum Wil Lofy, deen dës Traditioun fir d'Kiermessen zu Lëtzebuerg an enger Statu aus Bronze ofgebillt huet.


Michel Rodange Monument mam Reenert um Knuedler an der Stad Letzebuerg am Kanton Letzebuerg
Monument vum Michel Rodange, Knuedler, Stad Lëtzebuerg


Skulptur vum Hammelsmarsch um Roude Petz an der Stad Letzebuerg am Kanton Letzebuerg
Den Hämmelsmarsch vum Wil Lofy, Uewerstad, Gemeng Lëtzbuerg


Donieft ass Lëtzebuerg d’Gebuertsstad vum Robert Schuman, engem vun de Pappe vun Europa, an de Generol General Patton ass zu Sandweiler um Militärkierfecht begruewen. Weider bekannt Perséinlechkeeten aus dem Kanton Lëtzebuerg sinn den Hugo Gernsback, Erfinder vum Begrëff "Science Fiction" an de Gabriel Lippmann, Nobelspräis Laureat an der Physik - allen zwee zu Bouneweeg gebuer.

De Kanton Lëtzebuerg, zesumme mat der Stad Lëtzebuerg, ass e staarkt Symbol vun der nationaler Identitéit an der Lëtzebuerger Onofhängegkeet.


Attraktiounen


Nieft der Stad Lëtzebuerg, bitt de Kanton Lëtzebuerg och nach aner interessant Dierfer mat pittoreske Buergen a Schlässer. De Visiteur kann hei zum Beispill d'Hesper Buerg entdecken an d'Mënsbecher Schlass, wou een am Park méi iwwert d'Lëtzebuerger Traditioun vun der Rousenziichterei gewuer gëtt. Beim Walfer Schlass, eng fréier Residenz vum Guillaume II, kann een haut och nach d'Konschthandwierk vun der Rousenziichterei am Park nieft dem Sprangbuer entdecken. 

Ronderëm de Neihaischen, kënnen Visteuren och flott Wanderungen op de Spueren vun den ale Kelten maachen.


Buerg Hesper mat Kierch zu Hesper an der Gemeng Hesper am Kanton Letzebuerg
Hesper Buerg a Kierch, Hesper


Schlass Mensbech an der Gemeng Mensbech am Kanton Letzebuerg
Schlass Mënsbech, Mënsbech


Schlass Walfer zu Walfer an der Gemeng Walfer am Kanton Letzebuerg
Schlass Walfer, Walfer