Kanton
Capellen
De Kanton
am Portrait
De Kanton Capellen ass ee Kanton am Süde vu Lëtzebuerg. En huet 55.513 Awunner (2025) an eng Fläch vun 199 km². De Kanton Capellen ass vum Kanton Lëtzebuerg aus einfach a gratis mat Zuch a Bus z’erreechen. E verbënnt urban Zentren, industrielle Patrimoine a ländleche Charakter.

Käerjeng
D'Landschaftsbild
D’Landschaft vum Kanton Capellen ass gepräägt vu Sandsteen- an Eisenäerzgeologie, mat Plateau'en a verdreemten Däller. D’Flëss Eesch a Mamer formen Däller wéi de Mamerdall an d’Vallée des Sept Châteaux. De Kanton zeechent sech duerch Felder, Bëscher a Wunngebidder aus - wat him seng charakteristesch Mëschung aus ländlecher Idyll an urbanem Charakter gëtt. De Süde vum Kanton läit am Minett UNESCO-Biosphär Gebitt.

Äisch zu Stengefort, Gemeng Stengefort

Héiweng, Gemeng Garnech
Geschicht
Historesch gouf et am Kanton Capellen schonn ëmmer eng Mëschung tëscht Kultur an Industrie. Keltesch a réimesch Präsenz ass duerch archeologesch Iwwerreschter vun enger réimescher Villa an enger Siidlung zu Giewel nogewisen, wärend Capellen selwer op enger wichteger réimescher Strooss tëscht de Stied Reims an Tréier louch.

Réimervilla bei Giewel, Gemeng Käerch
Am Mëttelalter goufe Befestegunge wéi d'Simmer Buerg schonn am 12. Joerhonnert ernimmt. D’Gréiweschlass an der Uertschaft Käerch geet op 13. Joerhonnert zréck. Déi zwou Buerge sinn Deel vun der Vallée des Sept Châteaux. Ab dem 17. Joerhonnert huet sech d’Eiseproduktioun am Dall vum Floss Eesch entwéckelt an huet am Joer 1846 mam Bau vun engem Héichuewen zu Stengefort ee wichtegen Héichpunkt an der industrieller Geschicht vum Kanton areecht.

Simmer, Gemeng Habscht

Déi al Schmelz zu Stengefort, Gemeng Stengefort
Kultur
Kulturell ass de Kanton Capellen déif an de lëtzebuergeschen Traditiounen an an der nationaler Identitéit verankert. D’Uertschaft Nouspelt ass bekannt als Heemecht vun de Lëtzebuerger Aulebäcker a vum bekannte Péckvillchen, deen all Joer op der traditioneller Eemaischen gefeiert gëtt. De Kanton ass och enk mam Michel Rodange verbonnen, deen hei ab 1862 als kantonale Stroosseninspekter täteg war a mat sengem satireschen Epos Renert d’Nationalsprooch Lëtzebuergesch gepräägt huet.

Péckvillercher vu Nouspelt
De Kanton Capellen ass och bekannt duerch de Nic Frantz an de Josy Barthel, déi hei gebuer sinn. Den Nic Frantz ass ee vun den eenzegen 3 Coureuren déi am Tour de France vun der éischter bis déi lescht Etapp am Maillot jaune waren. De Josy Barthel ass ee vun den eenzegen Olympia Goldmedaillen-Gewënner aus Lëtzebuerg. U béid Sportler erënnert haut nach d'Barthel-Frantz Monument an der Uertschaft Mamer.
Eng aner wichteg Perséinlechkeet aus dem Kanton ass de Nicolas Cito och "Claus" genannt, ee Scultupteur deen ënnert anerem d'Gëlle Fra geschaf huet.

Barthel-Frantz Monument vum Wil Lofy, Mamer, Gemeng Mamer
Attraktiounen
Visiteure fueren haut mam Vëlo duerch d’Vallée des Sept Châteaux, besiche réimesch archeologesch Sitten, wanderen a genéisse lokale Béier vun der Käerjenger Brauerei.
De Kanton Capellen ass och bekannt fir d'Dräikantonsstrooss - N13 - eng wichteg Verbindung tëscht dem Weste vum Land an dem Osten duerch d'Kantoner Capellen, Esch a Réimech.

Gréiweschlass, Käerch, Gemeng Käerch

Brasserie Nationale, Nidderkäerjeng, Gemeng Käerjeng