Café Duerfkessel
De Café Duerfkessel zu Käerch ass vis-à-vis vum Käercher Schlass, dat éischt vun de siwe Schlässer vun der Vallée des sept châteaux. No engem flotte Vëlostour duerch de romanteschen Äischdall oder owes fir den Aperitif, kritt een am Duerfkessel eng gutt Erfrëschung an engem gesellege Kader.
Een typeschen Duerfcafé fir am Kanton Capellen ee gemittleche Moment ze verbréngen.
Kënzeger Weier
De Kënzeger Weier zu Kënzeg an der Gemeng Käerjeng läit matzen an der Natur. Nieft dem Weier fir selwer ze fëschen, bitt de Kënzeger Weier och eng kleng Restauratioun mat traditionelle Lëtzebuerger Platen un. Am Summer kann een hei déi schéi sonneg Terrass an der Natur bei engem Patt genéissen.
Eng ideal Plaz fir e gemittlechen Dag mat Frënn oder der Famill ze verbréngen.




