Aulebäckermusée
Den Aulebäckermusée Nicolas Schneider ass zu Nouspelt an der Gemeng Kielen. Nouspelt ass virun Allem bekannt duerch seng Péckvillercher, déi all Joer op der traditioneller Emaischen verkaaft ginn. Am Aulebäckermusée kritt de Visiteur en Abléck an d’Geschicht vun der Nouspelter Aulebäckerei – zeréck bis an d’Joer 1458. Hei kann een ënnert Anerem een original erhalenen Uewe gesinn a méi iwwert Aulebäckerei gewuer ginn.
De Musée ass just op Reservatioun op a bitt och geféiert Visitten un. Méi Informatiounen op der Websäit vum Musée.
Kënzeger Weier
De Kënzeger Weier zu Kënzeg an der Gemeng Käerjeng läit matzen an der Natur. Eng ideal Plaz fir fëschen ze goen.
Nieft dem Weier fir selwer ze fëschen, bitt de Kënzeger Weier och eng kleng Restauratioun mat traditionelle Lëtzebuerger Platen un. Am Summer kann een hei déi schéi sonneg Terrass an enger gemittlecher Atmosphär genéissen.






